Relais pour la Vie 2019

Den 23. an 24. Mäerz 2019 huet de Aktiv vum Foyer de la Femme mat 2 Equippen um Relais pour la Vie an der Coque deelgeholl. Mir waren zu 41 Leit déi wärend den 25 Stonnen zu  jee 2 Leit op der Pist waren.

Fir den 25e Anniversaire vum „Relais pour la vie“ waren dëst Joer  besonnesch vill Autoritéiten präsent. Och waren Temoignagen vun Betraffenen, déi iwwert hir Kriibskrankheet geschwaacht hunn, ganz emotional.

Mir soen jidderengem den  participéiert huet villmools  Merci an mir hoffen dass Si nächst Joer erëm dobäi sinn. Och all deenen déi en Don fir Fondation Cancer gemaach hunn e ganz groussen Merci.

Och eis Maison Relais „Roude Fiels“ Rëmeleng war mat 2 Equippen dobäi.