HELLEF FIR D’AFFER VUM TORNADO (9/8/2019)

No de schlëmmen Onwieder vum leschte Freideg, déi besonnesch an de Gemenge Péiteng a Käerjeng grousse Schued ugeriicht hunn, bitt de Foyer de la Femme, mat Haaptsetz zu Péiteng alle Betraffenen seng Hëllef un. Eise Büro, 10, rue J.B. Gillardin zu Péiteng ass op vun 9.00 bis 18.00 Auer. Dir kennt eis och um Telefon erreechen op der Nummer 5426231.