VAKANZKOLONIEN AM SUMMER 2020

Spaass un der Musel I & II

Wéi fir Vakanzservicer zu Lëtzebuerg war et och fir eis keen einfache Summer. Mir hunn all eis Kolonien missen ofsoen, well et schwiereg oder souguer onméiglech war eis Destinatiounen am Ausland ze erreechen oder d’Anhalen vun de sanitäre Reegelen als Grupp ze garantéieren.

Trotzdeem wollte mir de Kanner d’Méiglechkeet ginn fir e puer flott an stressfräi Deeg – net wäit vun Doheem – ze verbréngen. Mir hunn duerfir kuerzfristeg 2 Kolonien zu Remerschen an der Jugendherberg organiséiert. Um Programm stoung e.a. en Tuer mam Schëff op der Musel, d’Natur erliewen am Haff Réimech, eng Visitt an der Schwemm zu Réimech an am Märchepark zu Beetebuerg, e puer Nomëtteger op de Baggerweieren zu Remerschen, flott Stonnen op de Spillplazen ronderëm d’Jugendherberg, Bastelen, Gesellschaftsspiller…

Kuerz gesot, d’Zäit ass verflunn an ir een sech ëmsinn hat, war et Zäit fir Äddi ze soen.

E grousse Merci geet och eise Directeur/ricen a Moniteuren/ricen, déi sech spontan gemellt hunn fir un dëse Kolonien deelzehuelen: Edmée, Christophe, Bob, Lisa, Emelie, Kimberly, Sebastien, Vicky, Anick a Anaïs.

Hei e puer gemëschte Souveniren vun deenen 2 Kolonien.