Schéi Feierdeeg

De Foyer de la Femme wënscht all senge benevole Mataarbechter, senge Memberen, Frënn a Bekannte schéi Feierdeeg an alles Guddes fir 2021.

Mir hoffen dat mir am neie Joer eis gewinnten Aktivitéiten nees kënnen ubidden an nach vill Neies dobäi an géingen eis freeën Iech nees bei eis dierfen wëllkomm ze heeschen.

Och wann et dëst Joer keng Feierdeeg sinn wéi mir et gewinnt sinn, hoffe mir dat Dir des schwéier Zäiten kennt zesummen mat ärer Famill verbréngen. Villäicht fannt Dir och d’Zäit fir e ee klenge Geste fir déi Leit ënner eis déi eleng sinn, an fir déi déi aktuell Situatioun besonnesch schwéier ass.

Mir wënschen Iech dat Dir an Är Famill a Frënn gesond bleiwen an dat 2021 e Joer gëtt voller neier Hoffnung.