De FOYER DE LA FEMME

begréisst Iech ganz häerzlech op senger Websäit
Eist Generalsekretariat steet Iech gären fir sämtlech Froen zur  Verfügung.

Ëffnungszäiten:
MO - DO : 8.30 - 12.00 Uhr und 14.00 - 18.00 Uhr
FR : 8.30 - 12.00 Uhr und 14.00 - 16.00 Uhr

Résidence Romana
10, rue J. B. Gillardin
L-4735 Pétange

Tel: +352 54 26 23 1
Fax: +352 54 23 49
Email: foyerdelafemme@pt.lu
_________________________________________________________________________________________
NEWS - De Foyer de la Femme deelt mat...
__________________________________________________________________________________________


De NATIONALKONGRESS 2014 fënnt statt den

24. MEE
2014 am Centre Culturel zu Rodange


_________________________________________________________________________________________



« AKTIV MAM FOYER DE LA FEMME »


Projeeën vun AKTIV MAM FOYER DE LA FEMME vun Mee  bis August 2014


Den 5. Mai 2014 um 14.00 Auer organiséieren mer en architektoneschen Rondgang duerch Esch-Uelzecht, zum Präis vun  5.- €. Treffpunkt virun der Gemeng um +- 13.50  ( an der Rue de l’Alzette = +-5 Min. vun der Gare resp. vum Busarrêt). Dëse Rondgang beschäftegt sech virun allem mat der Architektur aus de Joeren 1880 bis 1930.

Mat der Iwwerweisung vun  5.-€ op de Konto CCPL Nr . LU47 1111 0202 3862 0000 mam Vermierk „Rondgang durch Esch-Uelzecht“ bis spéitstens den 25. Abrëll sidd der ugemellt.  Weider Detailer gëtt et um Tel. 621 151517 beim Sonja Felten.

Sonndes den 15. Juni 2014 besichtegen mer de FOND-DE-GRAS. Vun 10.00-11.30  Auer Visite guidée e.a. vum Site vun de Minièren, Hall Paul Wurth an der Epicerie « Binck ». Duerno  Iessen „à la carte“ am historeschen Restaurant « Bei der Giedel »  Um 15.30 Auer Fahrt mam historeschen « Train 1900 » Treffpunkt:  Um 09.45 Auer um Fond-de-Gras .

Präis: Visite guidée an Train 1900 .... 15.-  € an mat der Iwwerweisung vun  15.- € op de Konto CCPL Nr . LU47 1111 0202 3862 0000 mam Vermierk „Fond-de-Gras mat Aktiv“ bis spéitstens den 20. Mai  sidd der ugemellt. Weider Detailer gëtt et  um Tel.  621 151517 beim Sonja Felten.

Am Kader vum Wolzer Festival fueren mer den 11.7.2014 mam Zuch op Wolz « the Glenn Ambassador Big Band, Tribute to Glenn Miller, an 19.7. 2014 „Thank you for the Music“ the best ABBA Show, kucken ,  zu je 50.-€ pro Virféierung. Mat der Iwwerweisung vun 50.-€ op de Konto CCPL Nr . LU47 1111 0202 3862 0000 mam Vermierk „Ambassador“ oder “Abba Show“ mat Aktiv“ bis +- den 30. Abrëll 2014, sidd der ugemellt. Weider Renseignementer um Tel. 621389816 beim M.-F. Meyer. (Horairen vum Zuch kritt der +-2 Méint virdrun matgedeelt)

Samschdes den 23. August 2014 fueren mer mam Zuch op Klierf. Visite Guidée an an eent gemeinsamt Mëttegiessen an evtl Besichtegung vun der Ausstellung „The Family of Man“ Weider Detailer am nächsten Bulletin oder um Tel. 621 510384  owes (Nicole Stephany)

Wëllt Dir per E-mail iwert d'Aktivitéiten vun  "AKTIV MAM FOYER DE LA FEMME" informéiert ginn, dann schéckt ons eng Email un  mf.meyer@hotmail.fr mat dem Vermierk "Projeeën vun Aktiv".

___________________________________________________________________________________________



Website created by SUNMADE